Ouni Bauere keen Iessen!

De Jeff Engelen geet a senger Interventioun vum 27. Januar virun allem op den Image an, deen d’Baueren an eiser Gesellschaft hunn. Den ADR-Nord-Deputéierten erënnert drun, datt vill Idealismus néideg ass, fir als Bauer ze schaffen – e Beruffsstand, dee keng Feierdeeg a keng Vakanz kennt. De Bauer kultivéiert a fleegt eis Natur. Et ass schued, datt grad dëse Beruffsstand vu gewësse Gesellschaftskreesser an e schlecht liicht gestallt gëtt. De Bauer schafft mat der Natur an och d’Wuel vun den Déiere läit him um Häerz an et däerf een dann och net d’Biolandwirtschaft an déi konventionell Landwirtschaft géinteneen ausspillen. Och déi konventionell Landwirtschaft bitt gesond an héichwäerteg Wueren un. Iwwerdeems ass keen anere Beruffsstand an deene leschte 50 Joer esou vun europäesche Virgaben a Virschrëfte beaflosst ginn. D’Resultat vun där Politik ass, dat d’Zuel vun de Bauerebetriber dramatesch zeréckgaangen ass. Déi ideologesch an dacks onsënneg Politik virun allem vun de Grénge verschäerft dës Tendenz leider nach.

Deel dëse Post: