Osteopathie net op d’liicht Schëller huelen

D’Osteopathie ass eng nach relativ jonk “manuell Medezin”. Awer am angelsächsesche Raum ass si gutt etabléiert, an ëmmer méi Unien offréieren eegestänneg Osteopathie-Studien amplaz vun Zousaz-Formatiounen bei de Medezin- oder Kinesietheraphie-Studium. Zu Lëtzebuerg gouf den Zougang zum Beruff 2017 mat engem groussherzogleche Reglement gereegelt … oder och net, wann een der ALDO (Association luxembourgeoise des Ostéopathes) gleeft. Kritik gëtt et op allen Niveauen: De Staatsrot huet dat Reglement als verfassungswiddreg kritiséiert, den Avis vun der ALDO ass iwwert de “Conseil supérieur des Professions de santé” net integral viru gaang, eigentlech hätt e Gesetz misse geholl ginn, d’Kritäre vum Reglement sinn net ze applizéieren, esou datt elo ronn 200 Osteopathen zougelooss gi sinn vun enger Kommissioun … an där keen Osteopath vertrueden ass, an déi a ganz kuerzer Zäit ganz vill Dossieren gekuckt huet. D’ALDO huet an där Affär e Recours virum Verwaltungsgeriicht lafen. Hir Delegatioun, Jean Bofferding (President, Michel Van Espen (Vizepresident) a Caroline Peters, huet d’ADR-Deputéierte Gast Gibéryen a Jeff Engelen laang iwwert dëse kriddelegen Dossier, an deem et och iwwert d’Sécherheet a Gesondheet vum Patient geet, diskutéiert. 

Deel dëse Post: