Op der falscher Platz gespuert

De Gesetzesprojet iwwert d’Modifikatioun vum Code de travail, deen de 27. Juni an der Chamber ugeholl gouf, betrëfft virun allem d’formation professionelle continu. Während d’Regierung sech sëlwer op d’Schëller klappt, huet de Fernand Kartheiser eng ganz aner Optik op dëse Projet: Trotz begréissenswäerten Ännerungen, ewéi den administrative Vereinfachungen, geet et virun allem drëm, an der beruffsbegleedender Ausbildung massiv ze spueren. Eng falsch Spuerpolitik, wann ee bedenkt, datt déi vergläichsweis geréng Zomm u gespuerte Gelder virun allem der Preventioun vum Chômage zegutt komm ass. Dëst ass an den Ae vum ADR-Deputéierte bedauernswert, well fir aner, méi ideologesch Projete vu Gambia ass scheinbar ëmmer genuch Geld do. Grond genuch, datt d’ADR dëse Projet kloer mat Nee gestëmmt huet.

 

 

Deel dëse Post: