Op all Kilometer iwwerwaacht ? Net mat der ADR!

Am „Immobilitéitsministère“ gëtt un enger néier Variant geschafft, fir d’Lëtzebuerger emzeerzéihen an hinnen d’Autofueren definitiv auszedreiwen. Aus „Fairness“ kéint an d’Zukunft d’Autossteier och op de gefuerene Kilometer berechent ginn. D’ADR seet kategoresch NEEN zu esou Pläng, déi et och dem Staat géifen méiglech maachen, den Automobilist nach méi ze iwwerwaachen an him am Endeffekt och eng gewësse Conduite opzezwéngen.

Am Ministère fir Infrastrukturen, mat der tatkräfteger Hëllef vum Schäfferot an der Stad Lëtzebuerg, gëtt schonns äifreg dru geschafft, fir den Automobilisten d’Liewen esou schwéier wéi méiglech ze maachen. E puer Beispiller: d’Zoumaache vum CR 119 tëschent dem Stafelter an der Iechternacher Strooss, Tramsschinnen a rout Luuchten am Rond-Point vun der Autobunn op de Kierchbierg, all 1,5 Minutten en Tram an der Kräizung vun der Stäreplaz, staark Limitatioun vun de private Parkplazen an de Plans sectoriels…

Well all des Moossnamen net kéinten duergoen, fir den Automobilist vu sengem léifste Kand ze trennen (oder weider vill Leit am Land, aus verschiddenen Ursaachen, op hiren Auto ugewise sinn), denkt de Minister Bausch schonns un eng weider Erzéiungsmoossnam: all Kilometer kéint an d’Zukunft besteiert ginn. Wie vill fiert, muss méi bezuelen! „Et stëmmt, dat am Ministère iwwert dës Variant diskutéiert gëtt“, mellt den Essentiel.

Esou eng Kilometersteier géif dem Staat et net nëmmen erlaben, bei de private Stéit a Betriber nach méi Geld ze encaisséieren, mee och nach duerch eng Iwwerwaachung vun der Fuergewunnechten hiert Privatliewe méi ze kontrolléieren. Iwwert de Präis pro Kilometer kéint de Staat dann och probéieren, an d’Grondrecht vun der Beweegungsfräiheet anzegräifen, a vläicht kritt de Bierger geschwënn diktéiert, wéi vill Kilometeren en nach däerf pro Joer fueren.

D’ADR ass fir d’Fräiheet a géint all iwwerflësseg Amëschung am Privatliewen duerch de Staat. D’ADR setzt sech weider an, datt jiddwereen däerf sëlwer entscheeden, wéi a wéini en sech beweegt. An d’ADR ass kategoresch dergéint, dem Staat nei Mëttelen ze ginn, fir de Bierger nach besser ze iwwerwaachen.

D’ADR fuerdert, datt d’Regierung direkt op d’Pläng verzicht, eng Taxe op de Kilometer zu Lëtzebuerg anzeféieren. D’ADR mécht och en Appel un all Automobilisten, fir sech vun Ufank un géint esou eng Taxe ze wieren an net ze waarden bis et ze spéit ass.

Pressematdeelung vum 10. Juli 2014

Deel dëse Post: