Online-Handel mat Ofdreiwungspëllen: De Fernand Kartheiser freet no!

print

Zu Lëtzebuerg muss eng medikamentéis Ofdreiwung ënnert medezinescher Kontroll an am Kader vu gesetzleche Reegelen duerchgefouert ginn, déi betreffend Mëttele si rezeptflichteg. Wien dës offiziell Demarche ëmgoe well, kann am Internet fündeg ginn. Hei stéisst een op e reegen Handel mat medezinesche Mëttelen. De Fernand Kartheiser huet an deem Zesummenhang eng parlamentaresch Fro gestallt, wou hie fir Kloerheet suerge wëll, wat den Online-Handel mat Ofdreiwungspëllen zu Lëtzebuerg ugeet.