Ofdreiwung net als Grondrecht an der Verfassung verankeren

D’ADR verfollegt déi rezent Propositioun vun “déi Lénk” iwwert e verfassungsméisseg garantéiert “Recht op Ofdreiwung” mat grousser Suerg.

D’ADR bekennt sech zum Recht op Liewen, esou wéi et och an där vun der ADR proposéierter Revisioun vun der Verfassung steet: Art. 12 (1) “Tout être humain a droit à la vie.” Datt all Mënsch en “droit à son intégrité physique et mentale” huet, steet iwwerdeems och an der aktueller Verfassung. Esouguer eis franséisch Noperen, déi europawäit ee vun de liberaalste legislative Kaderen a Saachen Ofdreiwung hunn an dësen an hirer Verfassung als “liberté garantie” verankert hunn, ginn net esou wäit, vun engem Grondrecht op Schwangerschaftsofbroch ze schwätzen – an dat aus guddem Grond: Mat engem Recht op Ofdreiwung géif all Schutzdispositioun, fir d’Liewe vum Kand ze erhalen, entfalen. D’Dignitéit vum mënschleche Liewe géif domat entwäert ginn.

E Grondrecht op Ofdreiwung géif iwwerdeems och eng Gefor fir d’Gewëssensfräiheet vun den Dokteren an dem medezinesche Personal duerstellen. Däerfen Dokteren dann nach refuséieren, engem verfassungsrechtlech verankerte Grondrecht nozekommen? Ginn si eventuell mat Sanktioune beluecht? D’ADR huet d’Gewëssensfräiheet vun den Dokteren a vum medezinesche Personal  jiddefalls an hire Verfassungsentworf mat opgeholl.

Sollt sech d’Iddi, d’Ofdreiwung als Recht an der Verfassung ze verankeren, konkretiséieren, fuerdert d’ADR e Referendum iwwert dës Fro.

 

ADR-Pressematdeelung vum 27. Juni 2024

 

Deel dëse Post: