Och un eis Fräiberuffler a kleng Geschäfter denken!

A senger Interventioun vum 17. Abrëll brécht de Fernand Kartheiser eng Lanz fir d’Fräiberuffler an déi kleng Geschäftsleit. Et besti grouss Ongerechtegkeeten an eng deloyal Konkurrenz, wa grouss Geschäfter erëm däerfen opmaachen an déi kleng Commerce gezwonge sinn, zouzebleiwen.

Den ADR-Deputéierten mécht dann och en dréngenden Appell, datt och a Krisenzäiten d’Rechtsstaatlechkeet op alle Fall respektéiert bleiwe muss. An deem Kontext huet d’ADR eng Motioun deponéiert, déi sech kloer géint den Iwwerwaachungsstaat ausschwätzt.

Deel dëse Post: