E “Kloertext” Spezial iwwer d’Debatt zur Lag vun der Natioun huet de jonke Politiker d’Wuert ginn. Dobäi war den Toun liicht méi kritesch wéi a groussen Deeler vun der Chamber, awer d’Oppositioun an d’Koalitioun waren och hei kloer getrennt. Och déi jonk Gambia-Politiker droen de Wuesstems- a Scholdekurs vun der Regierung mat. Fir d’ADRenalin, déi jonk ADR, war de Felix Reding mat um Fernsehplateau. Dat war vun der Kloertext-Ekipp fir d’éischt net esou geplangt.
- Hei ass de Link op de “Kloertext” Spezial.vm_20170426_33
Eis Partei huet misse géint d’ursprénglech Pläng vun RTL per Bréif proadréieren, fir datt och d’ADRenalin invitéiert ginn ass. RTL huet d’Emissioun dorops verlängert an en ADRenalin-Member invitéiert. RTL huet d’Emissioun och ëm en Dag verréckelt, mä dat war och enger Micros-Pann an der Chamber geschellt. D’Diskussioun hätt sollten tëscht deene 5 anere Chambersparteien gemaach ginn. Mä de Felix Reding huet e puer Punkten op e puer “i”-e gesat, déi d’Diskussioun wierklech weiderbruecht hunn. Seng Interventiounen am éischten Video am RTL-Link ware bei 5’48”, 11’04”, 15’05” a 17’45”, am zweeten Video op 1’46”, 8’19”, 13’00” an am drëtten Video op 6’30”, 8’45”, 14’00”.