Och a Corona-Zäiten déi sozial Wäermt net verléieren

A senger Interventioun vum 15. Dezember betount de Jeff Engelen, datt d’ADR sech méi cibléiert a manner drakonesch Mesurë vun der Regierung am Kampf géint de Covid erwaart hätt. Ganz Aarbechts- a Gesellschaftsberäicher, wéi z.B. den Horesca-Secteur, gi stuer widder d’Mauer gefuer – ouni all sanitär Logik! D’Chrëschtzäit huet dann och fir d’Famillen eng besonnesch Bedeitung. Et hätt een sech an deem Zesummenhank zumindest op Hellegowend eng Ausnam vun der Ausgangsspär erwaart. Dëst hätt de Famillen e Stéck wäit d’Gefill vu Normalitéit a sozialer Wäermt zeréck ginn a sécherlech net zu iwwerfëllte Klinicke gefouert. Déi drakonesch Moossname vun der Regierung wären iwwerdeems net néideg gewiescht, wa Lëtzebuerg déi lescht Joren a Joerzéngten eng besser Gesondheetspolitik gehat hätt. Bei engem strammen demographesche Wuesstem ass d’Gesamtzuel vun de Better esou guer erofgesat ginn. D’ADR huet rezent entgéint gewierkt mam Depot vun enger Gesetzespropositioun – eng Gesetzespropositioun, déi bluttnoutwenneg ass, well si fuerdert, datt eist Gesondheetswiesen endlech un den demographesche Wuesstem muss ugepasst ginn.

Deel dëse Post: