“Noutfall-Kit” vun infocrise.lu

Zu engem aus kommunikativer Siicht net ganz ausgeräiften “Noutfall-Kit” vun infocrise.lu huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un de Premierminister.

Fro:

Infocrise.lu ass en offizielle Krisen-Informatiounsportail vum Staat, iwwer deen den Haut-Commissariat à la protection nationale d’Bevëlkerung a Krisenzäiten informéiert. Op der offizieller Homepage vun infocrise.lu gëtt en Dokument mam Titel „Notfall-Kit“ zur Verfügung gestallt. Gläich am aleedenden Abschnitt liest een: „Es ist ratsam, zu Hause ein Notfall-Kit zusammenzustellen, falls man einige Tage zu Hause, im Falle einer Ausgangssperre; draußen, im Falle der Anordnung der Evakuierung, auf sich selbst gestellt ist.“

De Begrëff „Ausgangssperre“ ass säit der Covid-Zäit bei ville Leit staark negativ konnotéiert a rifft bei hinne Mësstrauen, Ofleenung a Stressreaktiounen ervir. Och de Begrëff „Evakuierung“ kéint op verschidde Leit alarmistesch wierken. D’Dokument, sou d’Meenung vu Leit, déi eis drop ugeschwat hunn, géif zwar eng gutt Iwwersiicht bidden, wier awer kaum gëeegent, fir d’Bierger op eng Ausnamesituatioun virzebereeden.

An deem Kontext hunn ech follgend Froen un den Här Premierminister:

  • Kann den Här Minister preziséieren, ob d’Dokument inhaltlech, psychologesch a kommunikativ gepréift gouf, an, wa jo, vu weem?
  • Eng Evakuéierung ass en Extreemszenario. Ass den Här Minister der Meenung, datt dëse Begrëff seng Plaz huet an engem Dokument, dat eigentlech op Berouegung an Orientéierung ofzile sollt? Ass dem Här Minister bewosst, dass sou eng Formuléierung (wéi och „Ausgangssperre“) Mësstrauen an Angscht bewierke kann?
  • Wéi eng Leitlinnen notzt de Staat allgemeng fir d‘Gestaltung vu Krisen- a Resilienzdokumenter?
  • Ginn et konkret Krisen- a Resilienzpläng fir Lëtzebuerg am Fall vun
    1. engem Krich
    2. enger Pandemie
    3. engem Nuklearaccident?
  • Ass en Iwwerschaffe vum Dokument geplangt, fir eng fachlech méi korrekt a psychologesch méi stabil Krisekommunikatioun sécherzestellen?Äntwert:

Äntwert:

  1. D’Checklëscht „Notfall-Kit“ gouf vum Haut-Commissariat à la protection nationale (HCPN) an Zesummenaarbecht mat de concernéierten Acteuren ausgeschafft. Dobäi goufen d’Prinzipie vun der Krisekommunikatioun respektéiert, fir eng sachlech, kloer an verständlech Informatioun ze garantéieren.
  2. D’Kommunikatiounsstrategie, wéi se an der Nationaler Resilienz-Strategie festgehalen ass, baséiert op Transparenz an Opklärung. Et ass essenziell, Risike präzis ze benennen, fir datt d’Bevëlkerung versteet, firwat Virbereedung néideg ass. Eng kloer a kohärent Sprooch verhënnert Onkloerheeten a kann Ängschte reduzéieren. Et sief ugemierkt, datt eng mise à l’abri, an anere Wierder sech an de Schutz vun engem Gebai oder der eegener Wunneng ze beginn, enger Evakuatioun a ville Situatioune virgezu gëtt. Fir d’Perceptioun vun de Bierger besser ze erfaassen an d’Kommunikatioun unzepassen, plangt d’Regierung fir d’nächst Joer eng national Ëmfro zu dësem Thema.
  3. Beim Ausschaffe vun Informatiouns- a Sensibiliséierungsmaterial schafft den HCPN enk mat internationale Partner zesummen, dorënner de Krisenzentren aus dem Benelux, Frankräich an Däitschland. Zousätzlech fënnt e reegelméissegen Austausch am EU-Netzwierk „Crisis Communicators Network“ statt, wou bescht Praktiken diskutéiert ginn. Den HCPN ass och an den Aarbechtsgruppe vum EU Conseil an der NATO, dem Benelux an de Beräicher Planification et gestion de crise a résilience vertrueden.
  4. Op Basis vun enger nationaler Risikoanalys, déi d’potenziell Risiken a Menacen identifizéiert, déi de Grand-Duché kéinten treffen, huet den HCPN, zesumme mat de verschiddenen Ministèren a Verwaltungen, Noutfall-Interventiounspläng ausgeschafft. Weiderhi huet d’Regierung am September 2025 d’National Resilienzstrategie ugeholl. Dës Strategie, déi all sektoriell Pläng an Strategien chapeautéiert, huet als Haaptzil, eist Land optimal virzebereeden an seng Resilienz géintiwwer allen Risiken a Bedrohungen substantiell ze stäerken (www.letzprepare.lu) .
  5. Sou wéi déi national Resilienzstrategie ët virgesäit, ass den HCPN amgaang d’Dokument z’iwwerschaffen, fir et e.a. mat den aktuelle Rekommandatiounen vun der EU-Kommissioun ze harmoniséieren. Dobäi gëtt och d’Terminologie nach emol gepréift, fir eng fachlech korrekt a psychologesch stabil Risikokommunikatioun sécherzestellen.
Deel dëse Post: