Nogefrot bei Medikamenter a Patienterechter

An zwou parlamentaresche Froen këmmert de Gast Gibéryen sech ëm Medikamenter a Patienterechter. Dobäi geet ët eemol ëm d’Neuroleptika. Dat si Medikamenter fir schwéier geeschteg Erkrankungen, déi awer och eng extrem  berouegend Wierkung hunn. Si sinn net onëmstridden. Och ginn déi Psychopharmaka internationalen Etuden no dacks a Fäll verschriwwen, wou si net wierklech un der Plaz sinn. D’Gesondheetsministerin Lydia Mutsch ass sech der Problematik bei dëse Medikamenter bewosst, schreiwt si an hirer Äntwert. Mä eng Léisung fir de Problem huet si net.

Eng zweet Fro wëll klären, wat fir Rechter de Patient huet, wann et ëm d’medezinesch Opklärung geet bei Traitementer mat schwéiere Medikamenter an wéi hie sech kann géint eng Medezin wieren, déi him net passt. Hei gesäit d’Madam Minister, datt d’Rechter vum Patient zu Lëtzebuerg op mannst esou gutt garantéiert sinn, wéi an eise Nopeschlänner a seet dat an hirer Äntwert.

Deel dëse Post: