Net Verbueter mä Preventioun hëlleft géint den Tubaksdamp

Bei der Ofstëmmung iwwert d’Tubaksgesetz, den 1. Juni an der Chamber, huet de Gast Gibéryen e kloeren Nee vun der ADR zum Ausdrock bruecht.
Den Deputéierten erkläert hei, datt ee Verbuet bei engem Sujet wéi d’Fëmmen een ass, näischt bréngt. Hie weist dorop hin, datt et vill méi efficace wier, uerdentlech Preventiounsaarbecht ze leeschten mat Hëllef vun Informatiounscampagnen. D’Leit sollen iwwert d’Geforen an d’Konsequenze vum Fëmmen opgekläert ginn. An dësem Zesummenhang solle si och den néidege Respekt géigeniwwer deem Aneren nobruecht kréien. Wann een d’Leit net op dës Manéier erreechen an iwwerzeege kann, dann hëlleft esou ee Verbuet och näischt.
Bei dësem Sujet soll ee versichen, d’Leit zu engem generellen Ëmdenken ze beweegen. Allerdéngs kann et net sinn, datt de Staat sech ëmmer méi an d’Privatsphär vun deem Eenzelen amëscht, him Virschrëfte mécht, Verbueter operleet, hie kontrolléiert a protokolléiert. D’ADR ass kloer géint een Dirigismus vun uewen erof, an dowéinst gëtt d’Partei dësem Projet de Loi e kloeren Nee.

Deel dëse Post: