Net alles Gold bei Naturparken

Wéinst technesche Problemer waren d’Videoe vun der Chamberssëtzung vum 17. Juni eréischt elo verfügbar. Mir droen also dem Roy Reding seng Interventioun an der Debatt iwwer d’Naturparken no. Hie plädéiert do derfir, datt déi Leit, déi duerch d’Regele vun esou Parke Schued erleiden, mussen entschiedegt ginn. De Roy Reding wär bei deene Park och frou, wann déi “Experimenter” méi konsequent géingen an hirer Entwécklung begleet ginn. A schliesslech fuerdert hien am Interessi vum Tourismus eng Désenclavéierung: méi liicht Méiglechkeeten also, fir datt Touristen dohinner kommen … Busparkingen a -routen, fir datt net esou vill Geschäftsleit méi d’Bengele bei d’Tromm musse geheien.

Deel dëse Post: