Neonazi-Optrëtt zu Lëtzebuerg toleréiert

Um Rand vum Futtballlännermatch Lëtzebuerg-Ukrain, awer mattsen op der Géigentribün vum Stade Josy Barthel hate sech ukrainesch Neonazië breet gemaach – mat ausgestrecktem Aarm a Plakatter vun ukraineschen rietsextreme Parteien a Politiker. D’Press huet Fotoë bruecht … aus “Sécherheetsgrënn” wär net reagéiert ginn, huet et vun offizieller Säit geheescht. An 11 Punkte freet de Fernand Kartheiser no, firwat dat esou war … an erënnert och drun, datt Lëtzebuerg 1994 internationale Respekt krut, wéi däitsch Neonazië hei zu Lëtzebuerg wollten demonstréieren a mat hinne kuerze Prozess gemaach gouf.

Deel dëse Post: