Nëmme Verbesserungen am Aarbechtsrecht: Fir eng Kéier! [Video]

De Gast Gibéryen hat an der Chamber d’Freed, e Mëttwoch, den 11. Mee, seng Zoustëmmung zu dräi Ännerungen um Aarbechtsrecht ze ginn, déi nëmme Verbesserunge bréngen, esou den ADR-Deputéierten. Et goung am Detaill ëm d’Net-Diskriminéierung vu Leit, déi hiert Geschlecht wiesselen oder gewiesselt hunn, esou wéi em de Schutz vum Salarié bei grenziwwerschreidende Fusiounen an och bei enger Faillite. Hei kann elo scho gehollef ginn bei Zahlungsonfähegkeet, och wann d’Faillite nach net deklaréiert ass.

Deel dëse Post: