Neit medezinescht Personal aus Osteuropa, ethesch responsabel?

Am Kader vun der Covid-Kris gëtt an der lescht ëmmer méi medezinescht, respektiv para-medezinescht  Personal aus Drëtt-Länner rekrutéiert, déi anscheinend och aus Länner an Osteuropa, wéi Rumänien oder Bulgarien kommen. Dëst Personal gëtt hei zu Lëtzebuerg virun allem an den Test-Zenteren (Large-Scale-adring) agesat an och elo an den Impf-Zenteren. An deem Kontext stellt sech d’Fro a wéi wäit et ethesch responsabel ass fir Personal aus Länner, déi och mat der Pandemie confrontéiert sinn, ofzezéien a wou et och Enkpäss bei medizinesch qualifizéiertem Personal gëtt.         

                                  

Deel dëse Post: