Neit Asylgesetz – Asselborn: ADR huet Recht

Den 28. Abrëll gouf an der Chamber iwwer en neit Asylgesetz ofgestëmmt. Wéi sou oft beim Thema Awanderungspolitik koum et och hei zum Match Kartheiser géint Asselborn. De Fernand Kartheiser huet op eng Rei Mëssbrauchsméiglechkeeten an deem neie Gesetz higewisen an zugläich duerfir gewarnt, Leit aus anere Länner duerch falsch wirtschaftlech Verspriechen och nach dozou ze animéieren. De Jean Asselborn huet alles dru gesat, fir des „rietspopulistesch Falschduerstellung” ze widderleeën, mee nu jee, et kéint ee mengen, e géif der ADR ongewollt Recht ginn.

Deel dëse Post: