Neijoerschkaarten a Gléckwonschkaarten oder och Invitatiounskaarte vu staatleche Verwaltunge sinn oft just op Franséisch verfaasst. D’Alexandra Schoos an den Tom Weidig hunn dozou e puer Froen un d’Regierung.
Fro:
Eis ass opgefall, datt verschidden Neijoerschkaarten, déi mir rezent vun diverse staatleche Verwaltungen oder Servicer kruten, ausschliisslech a franséischer Sprooch verfaasst waren, wärend anerer an allen dräi Verwaltungssprooche vum Land verfaasst waren.
Virun deem Hannergrond erlabe mir eis, der Regierung follgend Froen ze stellen:
- Gëtt et innerhalb vun de staatleche Verwaltungen a Servicer eng allgemeng Direktiv oder Recommandatioun am Hibléck op d‘sproochlech Gestaltung vun offizielle Gléckwënsch- oder Festdagskaarten? Wann nee, aus wéi enge Grënn gouf bis elo op esou eng iwwergräifend Reegelung verzicht?
- Deelt d‘Regierung d‘Iwwerleeung, dass méisproocheg verfaassten offiziell Gléckwënsch- oder Festdagskaarten – besonnesch ënner Abezéie vun der lëtzebuergescher Sprooch – zur allgemenger Wäertschätzung vun eiser Nationalsprooch bäidroe kënnen?
- Plangt d‘Regierung, an Zukunft eng Direktiv oder Recommandatioun auszeschaffen, déi virgesäit, dass offiziell Gléckwënsch- oder Festdagskaarte vu staatleche Verwaltungen oder Servicer systematesch an allen dräi Verwaltungssprooche verfaasst ginn?
Äntwert:
- Et gëtt keng allgemeng Direktiv oder Recommandatioun am Hibléck op d’sproochlech Gestaltung vun offizielle Gléckwënsch- oder Festdagskaarten. D’Regierung huet och net wëlles, esou eng Direktiv erauszeginn, well se de perséinleche Charakter vun deene Messagen an d’Kreativitéit vun den Auteuren net wëll agrenzen. D’Promotion de l’image de marque vum Wirtschaftsministère schafft all Joer eng offiziell Kaart aus, wou och d’Lëtzebuerger Sprooch virkënnt. Gläichzäiteg gestalten awer och eng Rei Verwaltungen eege Kaarten, déi dem jeeweilege Kontext vun hire Missioune Rechnung droen.
- an 3. De Service information et presse (SIP) gëtt zanter Joren e Guide de rédaction op Franséisch eraus. De SIP an den Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch schaffen un engem weideren Deel vun deem Guide de rédaction, dee sech op d’Lëtzebuerger Sprooch bezitt. Dës Recommandatioune wäerten de Verwaltungen et méi liicht maachen, op Lëtzebuergesch och administrativ a stilistesch korrekt ze kommunizéieren.
Foto Copyright: Pixabay