Nei Covid-Moossnamen: d’ADR reagéiert

An engem Pressekommunikee huet d’ADR op déi nei ugekënnegt Covid-Moossname vun der Regierung reagéiert. Eis Partei ass besonnesch géint e weidere Lockdown am Horeca-Secteur. Kaffiën a Restauranten sollen net nach méi ënnert der sanitärer Situatioun leiden. D’ADR fuerdert och en Unhiewe vun der Ausgläichszuelung bei Kuerzaarbecht op 100 Prozent vum Gehalt. Dat ass sozial gerecht an dréit bäi zum Erhale vun der Kafkraaft.

Deel dëse Post: