Neen zu enger internationaler Taxe um private Verméigen!

An engem rezente Rapport huet den Internationale Währungsfong IWF d’Kaz aus dem Sak gelooss: fir d’Staatsscholden ze reduzéieren, soll allgemeng eng „eemoleg“ Taxe op dem Erspuertes erhuewe ginn. An der Eurozone misst dës Steier bei 10% leien, fir d’Scholden op den Niveau vun 2007 zréckzedreiwen. D’ADR rifft d’Bierger op, sech géint dës international Zwangsenteegnung ze wieren, fir datt déi nächst Regierung versteet, datt esou e Virschlag zu Lëtzebuerg net däerf ëmgesat ginn.

Haut Zypern, muer Lëtzebuerg? Dës Fro hat d’ADR am Mäerz opgeworf, wéi d’Europäesch Finanzministeren decidéiert haten, d’Spuerkonte vun den Zyprioten ze plëmme fir hir Insel virum Finanzdebakel ze retten. Dobäi kéint Zypern nëmmen en Test gewiescht sinn, fir ganz allgemeng op d’Erspuertes vun de Bierger zréckzegräifen.

De Virschlag vun enger eemoleger Taxe op d’Erspuertes kënnt dobäi vu ganz uewen, vum Internationale Währungsfong IWF. Dëse bréngt d’Propositioun schwaarz op wäiss am Rapport „Taxing times“ vum 13. Oktober – ausgerechent zu enger Zäit, wou de Finanzminister Frieden d’Presidence vum IWF hat. Do steet ze liesen, op der Säit 49: „Déi grouss Verschlechterunge vun den ëffentleche Finanzen a ville Länner mécht et interessant, e Prelevement um Kapital – eng eemoleg Taxe op dem private Verméigen – als eng aussergewéinlech Moossnam anzeféieren, fir d’Staatsschold op en nohaltegen Niveau ze drécken“.

D’Equipe vum IWF huet och schonns ausgerechent, wéi héich dës Steier um Erspuertes soll sinn: fir an de 15 Länner an der Eurozone d’Staatsscholden nees op den Niveau vun 2007 zréckzeféieren, missten 10% vum private Kapital un de Staat ausbezuelt ginn.

D’ADR rifft d’Bierger op, sech géint dës Zwangsenteegnung ze wieren. De Spuerer gëtt am Abléck schonns méi wéi genuch bestrooft, doduerch datt d’Zënse wäit ënner der Inflatioun leien an domadder d’Kapital all Joer manner Wäert gëtt. Dobäi gi schonns déi wéineg Zënsen och nach iwwert eng „retenue à la source“ besteiert. Dowéinst: Fangeren ewech vum Kapital vun de klenge Leit! Wie wierklech wëll nohalteg d’Staatsbudgeten an den Equiliber bréngen, muss mat der Geldverschwendung ophalen.

Den Appel riicht sech och un déi nächst Regierung: Lëtzebuerg muss sech géint all Versuch wieren, op internationalem Plang nei Steieren an Taxen anzeféieren. D’Steierpolitik muss weider eng national a souverän Prerogativ bleiwen, wou nëmmen d’national Parlamenter däerfe bestëmmen.

Deel dëse Post: