Nee zum Brain-Drain

An der Chamber gouf de 4. Juli e Gesetz gestëmmt, wat et auslännesche Studente méi liicht soll maachen, hei am Land eng Aarbecht ze fannen. Fir d’ADR prinzipiell eng begréissenswäert Iddi, woubäi den Deputéierte Fernand Kartheiser a senger Interventioun och Bedenken äussert: Et däerf deemno net zu engem “Brain-Drain” kommen: Et ass moralesch onverantwortlech, datt mir spezialiséiert Leit hei am Land behalen, déi an hiren eegene Länner gebraucht ginn. Et däerf net sinn, datt d’Feele vu qualifizéiertem Aarbechtspersonal e Grond fir onkontrolléiert Immigratioun gëtt. Lëtzebuerg muss duerch eng familljefrëndlech Politik an duerch e qualitativ héichwäertege Schoulsystem selwer dofir suergen, datt mir eise Besoin u qualifizéiertem Personal gedeckt kréien.

Deel dëse Post: