Navi a Visittekaarte fir d’Police

Net all Policeauto huet en Navigatiounssystem. Et kënnt fir, datt bei Asätz d’Police sech nach op Kaarten an op Dokumenter op Pabeier, wéi z.B. de „Guide routier“, muss verloossen, an dobäi wäertvoll Zäit verléiert. Eng Rei Polizisten hunn och keng Visittekaarten. Dës Käertercher kënnen awer de Kontakt mam Public erliichteren. De Minister léisst a senger Äntwert erklären, firwat d’Poliziste kee Navi am Auto brauchen a seet an engems awer, datt déi nei Autoe all mat Navi bestallt ginn. Fir jidfereen eppes, deemno. An och fir d’Visitekaarten huet hien eng Äntwert parat.

Iwwert de Wee vun der parlamentarescher Fro probéiert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser Remedur ze schafen.

Photo: police grand-ducale

Deel dëse Post: