Naturschutzgesetz: Ëmweltministère net konform mat der Verfassung!

An engem Urteel vum Verfassungsgeriicht den 20. Juli ass eng Decisioun vum Ëmweltministère annuléiert ginn, déi hat et enger Koppel net erlaabt fir en Haus an der Gréngzoon liicht ëmzeänneren. An den Ae vum Verwaltungsgeriicht ass d’Proportionalitéit tëscht dem Naturschutz an – ënnert anerem –  der Nohaltegkeet an dem Prinzip vun der Befriddegung vu mënschleche Bedürfnisser net respektéiert. Dëse Prinzip misst awer an deem Fall verfassungsméisseg garantéiert sinn! Féiert d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring trotzdem déi restriktiv Politik vun hirer Virgängerin Carole Dieschbourg weider?

 

Deel dëse Post: