Naturschutz egal beim Opriichte vu Wandmillen?

Eis Regierung a besonnesch déi gréng si Feier a Flam, wann et ëm d’Opriichte vun Wandmille geet. Och wann den Energiebilan bei de Wandmille bei Wäitem net esou roseg ass, wéi si sech dat virstellen. Beim geplangte Wandpark zu Uewerkuer kënnt dann – wéi sou dacks bei Wandenergie-Projeten – nach dobäi, datt ee warscheinlech eng substantiell Naturzerstéierung mat a Kaf hëlt. Dovu schwätzen déi gréng natierlech net esou gär – eleng, et hëlleft näischt: D’ADR stellt elo eng Rei pertinent Froen zum Thema Wandenergie an Ëmweltschutz.

Deel dëse Post: