Nation Branding zu Sterpenech

D’ADR ass voll Bewonnerung fir deen “Nation Branding”, deen eis Regierung un der lëtzebuergesch-belscher Grenz zu Sterpenech mécht. E futtissen, zerrappte Lëtzebuerger Fändel op deenen zwou Säite vun der Autobunn, vermëttelt de Leit gläich de richtegen Androck vum Patriotismus, deen eis Regierung beséilt. Esouguer dann, wann eis belsch Noperen eleng fir den Ënnerhalt vun deem Grenzposten zu Sterpenech zoustänneg wieren, da wier et nach un der Lëtzebuerger Säit, fir si drop opmierksam ze maachen, datt eis national Symboler mat Respekt ze behandele sinn. E futtisse Fändel muss direkt ersat ginn!

D’ADR fuerdert d’Regierung op, op alle Grenziwwergäng dofir ze suergen, datt de Lëtzebuerger Fändel an de lëtzebuergesche Wopen allzäit am beschten Zoustand sinn an eng éierevoll Visittekaart vun eisem Land duerstellen.

Pressematdeelung vum 26. Oktober 2017

Deel dëse Post: