D’Facebook-Säit vu “LuXembourg – Let’s make it happen” gëtt vum Bausseministère administréiert. Dat erkläert Zil vun dëser Facebook-Säit, wéi vun der neier Nation-Branding-Campagne allgemeng, ass et, eist Land wéi eng Mark ze promouvéieren. Wann ee sech déi rezent a manner rezent Posts op dëser Facebook-Säit ukuckt, drängt sech allerdéngs den Androck op, datt et heiansdo zu enger Vermëschung vun “Nation Branding” an der Promotioun vun enger politescher Agenda kënnt. Wat seet de Minister dozou?