Nach méi Stau oder kee Liicht um Enn vum Tunnel. Anescht kann een d’Situatioun op der Nordstrooss net méi beschreiwen. Et muss een sech dee Culot och emol op der Zong zergoe loossen. D’Leit aus dem Norden fuere fënnef Mol d’Woch an d’Stad schaffen a mussen Owes erëm zeréck. Genee wéi hir Matbierger aus aneren Deeler vum Land verbréngen si en net onweesentlechen Deel vun hirem Trajet am Stau. A genee wéi si schaffen si wärend dräi bis véier vun hiren aacht Stonnen exklusiv fir de Staat. Mat der Begrënnung eben, datt een duerfir eng gutt Infrastruktur soll zur Verfügung gestallt kréien. Ma d’Leit aus dem Norden musse reegelméisseg nach eng Rei zousätzlech batter Pëlle schlécken. Besonnesch an den Tunnellen ass immens Gedold gefrot. Scho rëm sinn an den Tunnelle Grouft a Stafelter op onbestëmmten Zäit eng Spuer an all Richtung gespaart. Net nëmmen, datt d’Leit kaum méi kënne plangen op si Moies iwwerhaapt nach zur Zäit op d’Aarbecht kommen, egal wéi fréi si fortfueren, mee et dauert dann Owes och nach méi laang fir heem. An dat alles, well de Staat d’Ventilatioun net an de Grëff kritt. Wéi kann et sinn, datt et ëmmer an deene selwechten Tunnellen zu deene selwechte Probleemer kënnt? De Michel Lemaire huet eng Rei dréngend Froen un d’Madamm Verkéiersminister Yuriko Backes:
Här President,
esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un d’Madamm Verkéiersminister weiderzeleeden.
Säit dem Freideg, 30. Januar 2026, sinn an den Tunnelle Grouft a Stafelter a béid Richtunge Spueren zou. Besonnesch zu Zäite vum Beruffsverkéier kënnt et zu kilometerlaange Stauen an deementspriechende Stress bei Leit, fir déi et immens schwéier gëtt, den Trajet fir op d’Aarbecht nach zouverlässeg ze plangen. Och owes no Feierowend mussen si dann nach eng Kéier zousätzleche Stress a Kaf huelen. Als Ursaach gëtt en Defekt un der Ventilatioun genannt, déi schonn an der Vergaangenheet fir Probleemer gesuergt huet. A béide Fäll handelt et sech den Informatiounen aus der Press no ëm Apparater vum selwechten Hiersteller. En Datum, wéini de Verkéier hei nees normal funktionéiere soll, gëtt net genannt.
An deem Zesummenhang géif ech der Madamm Verkéiersminister gär dës dréngend Froe stellen:
- Firwat gëtt keen offiziellen Datum matgedeelt, bis wéini den Trafic an deene genannten Nordstroosstunnellen sech nees soll normaliséieren? Wéi een ongeféieren Zäitraum gëtt fir d’Aarbechten envisagéiert?
- Wéi eng Firma huet déi aktuell Ventilatore geliwwert? Ass dës Firma och fir d’Maintenance zoustänneg?
- Firwat gouf, sou wéi et sech de Presseinformatiounen no duerstellt, decidéiert, grad an dësen zwee Tunnelle mam System vun deem bestëmmten Hiersteller ze schaffen? Mat wéi vill verschiddenen Hiersteller schaffen d’Regierung an d’Stroossebauverwaltung bei der Ausstattung vun eisen Tunnelle mat Ventilatoren aktuell zesummen? Kann d’Madamm Minister an deem Sënn, souwäit et den Dateschutz zouléisst, eng Opschlësselung no Tunnel a Firma presentéieren?
- Kéint d’Madamm Minister sech virstellen, de Kontrakt am Fall vu weidere Probleemer an deenen zwee spezifeschen Tunnellen nei auszeschreiwen, respektiv direkt op ee vun deenen aneren, etabléierten Ubidder ze wiesselen?
- Wéi vill hunn d’Installatioun vun der Ventilatioun an deenen zwee Tunnelle souwéi den Ënnerhalt an de Joren 2015 bis 2025 alljoers kascht? Wéi presentéieren déi Zuelen sech am Verglach mat den Installatiounen an dem Ënnerhalt an eisen aneren Tunnellen?