Nach méi Drock op eis Finanzplaz?

D’EU-Kommissioun huet e ganz problematesche Reglement decidéiert. Sämtlech Entreprise mat méi wéi 750 Milliounen Euro Joresemsaz mussen an Zukunft verëffentleche, wou si wéivill Steiere bezuelen. Lénks ONGen (déi warscheinlech iwwerwigend vun der ëffentlecher Hand finanzéiert ginn) stänkere säit Jore géint d’Steierpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung, déi et de Betriber erlaabt, hir Steieren ze optiméieren. Et sief drop verwisen, datt d’Betriber nom Aktionärsrecht dozou verflicht sinn, dës Méiglechkeeten ze notzen. Duerch des Neireegelung kommen déi verantwortlech Manager an e schwéiere Konflikt well si en Imageschued riskéieren, wann si just hire Verflichtungen nokommen. Wéi reagéiert d’Regierung op des Virgäng?

Deel dëse Post: