Mutualitéiten: Wéi eng Reform?

D’Regierung plangt eng Reform vum Gesetz iwwer d’Mutualitéiten. Déi betraffen Organisatioune sinn awer net d’accord, wéi déi Saach ugepakt gëtt. Si hätte gär méi Fräiheet, wat hir Méiglechkeet ugeet, hire Patrimoine ze investéieren. Och d’finanziell Kontroll, déi de Gesetzprojet viirschreift ass schwéierfälleg a kostspilleg a géing déi meescht Mutualitéiten quasi ruinéieren. Well grouss Verméigen gëtt et net an deem soziale Beräich. D’Mutualitéite schaffen och just fir hir administrative Käschten ze decken an hire finanzielle Patrimoine ze erhalen. Hir Vertrieder hunn och eng Rëtsch institutionell Problemer, déi zum Deel och un hirer Geschicht an Organisatioun hänken. Am léiwste wäre si wéi asbl-en organiséiert, well vill vun de Fräiwëllegen, déi des Mutualitéite leeden, déi Gesetzgebung am beschte kennen. Eng Delegatioun vun der Fédération nationale de la Mutualité (Raymond Wengler, Robert Köller, Nico Dusseldorf, Marco Schmit) hat sech mam Gast Gibéryen getraff, deen als ale Gewerkschaftler esou Dossiere genee kennt, fir hir Problemer mam Gesetzprojet 7058 ze diskutéieren.

Deel dëse Post: