Muss d’EU wierklech bestëmmen, wat op eis Tellere kënnt?

print

Dësen Artikel ass an der éischter Editioun vum Pefferkär – Europawalen 2014 publizéiert ginn.

Wat de Bauer net kennt, dat ësst en net, huet et fréier geheescht. Haut muss de Konsument villes iessen, wat en net kennt. Wuel huet e groussen Deel Onéierlechkeet matgespillt, mä et sinn och déi Europäesch Circuiten, déi dozou gefouert hunn, datt Päerdsfleesch an der Lasagne verschafft konnt ginn. Ganz legal, den europäesche Bestëmmungen no, kënnen hollännesch Schwäin zu Schwarzwälder Schinken verschafft ginn. Awer beim Thüringer hält bekanntlech de Spaass op.

Et kéint een iwwert den europäeschen Dschungel vu Gesetzer iwwert eis Liewensmëttele schmunzelen, wann net drastesch Geforen dohannert géife laueren. Dës kommen och zum Deel dohir, well grouss Lobbyen zu Bréissel nach ëmmer méi Afloss hunn ewéi d‘Bauereverbänn an Konsumentenorganisatiounen. Dat bescht negatiivt Beispill dozou ass ganz rezent!

Mëtt Februar huet Europa d‘Uplanze vum genmanipuléierte Mais TC 1507 erlaabt, dëst obschonns net manner wéi 19 Staaten dergéint waren. Droleg Majoritéite sinn awer zustane komm, esou datt 9 Länner deenen anere Memberstaate kënnen diktéieren, wat op hirem Buedem däerf wuessen.

Och wann eis Lëtzebuerger Baueren sech fräiwëlleg verflichten, keng genmanipuléierte Planzen am Grand-Duché ze zillen, esou notzt dat wéineg, wa Mais, Soja, Raps an aner OGMen op där anerer Säit vun der Grenz wuessen. D‘Beien, de Wand an de Pollen loossen sech kaum duerch d‘Musel, d‘Sauer, d‘Gander an d‘Äisch ophalen. D‘europäesch Institutiounen hunn och verhënnert, datt mat de Faarwen, wéi vun de roude Luuchten, ganz einfach op de Liewensmëttelverpackungen ze erkennen ass wéi gutt respektiv wéi schlecht den Inhalt fir d‘Gesondheet ass. Dofir däerf een awer mat der Lupp a vill Recherchen um Internet nosichen, wat sech hannert de verschiddenen E-Zeeche verstoppt.

Och an engem Europa ouni Grenze muss kloer sinn, datt Iesswuere keng Wueren ewéi all aner sinn. Esouwuel déi gemeinsam Agrarpolitik, eng vun den éischten Errungenschafte vun Europa (déi haut nach 35% vum Europabudget ausmécht) wéi Gesetzer fir de Konsumenteschutz mussen der Qualitéit vun de Liewensmëttelen alleréischt Prioritéit ginn, an däerfen net vu grousse Multie matbestëmmt ginn.

D‘gemeinsam Agrarpolitik muss esou opgestallt ginn, datt z.B. och de Lëtzebuerger Mëllechbauer dovunner ka liewen, wann en de Konsumenten aus onser Géigend gutt Mëllechprodukter zu faire Präisser ubitt. Lëtzebuerg, wéi och déi aner Memberstaaten, mussen sech och kënnen eenzel dogéint kënne wieren, wa Produkter op de Maart sollte kommen, déi der Gesondheet schuede kéinten oder wou net dat dran ass, wat op der Verpackung versprach gëtt.

Dëst ouni Awand vu Bréissel!