Motioun iwwer d’russesch Sprooch an eise Schoulen net ugeholl [Videoen]

De Fernand Kartheiser hat eng Motioun gestallt fir an eise Schoulen der russescher Sprooch dee nämmlechte Status ze ginn wéi Spuenesch an Italienesch op der Sproochesektioun vum Lycée a fakultativ Russeschcouren an de Schoule besser ze ënnerstëtzen. D’Motioun gouf en Dënschdeg, den 10. Mee, zwar net ugeholl, et gouf awer eng ganz flott Diskussioun iwwer d’Bedeitung vun därer Sprooch an de slawesche Sproochen am allgemengen iwwer déi den Auteur vun der Motioun sech gefreet huet.

Aus der Roll gefall ass just den DP-Spriecher Gilles Baum mat liberalpopulisteschen Ënnerstellungen. Net nëmmen de Fernand Kartheiser huet dat gewonnert.

Deel dëse Post: