Mobile Radar: Eng Gefor fir de Stroosseverkéier?

De mobile Radar vum Typ “Radar Remorque” gëtt ënnertanerem am Norde vum Land agesat. Dee gëtt nëmme ronn en hallwe Meter niewent dem Stroosserand placéiert, domadder stellt dësen eng méiglech Gefor fir de Stroosseverkéier duer. Niewent den Autoschauffere sinn zemools Vëlos- a Motosfuerer betraff, déi bei onerwaarten Auswäichmanöver an de Radar kéinte knuppen. Grad d’Éisleker Stroossen si virun allem am Fréijoer oder Summer ënner Vëlos- a Motosfuerer ganz beléift a speziell hei misst en héijen Niveau u Sécherheetsprecautioune fir dës geholl ginn.

       

 

Deel dëse Post: