Mir trauere mat Paräis

Schockéiert iwwer déi feig an veruechtenswäert Attentater zu Paräis, déi esou vill Mënscheliewe kascht hunn, huet d’ADR haut de mueren reagéiert fir dës terroristesch Akter ze verdamen. Eis Partei huet bis e Samschdeg, den Owend och eis déif empfonnte Kondoleenzen un de franséische Botschafter an engem Bréif iwwerbruecht an him eist Matgefill mat den Affer a mat Frankräich versëchert.

Eis Deputéiert hunn iwwerdeems den Här Chamberpresident Mars di Bartolomeo gefrot, datt den Ausseminister Jean Asselborn e Méindeg d’aussepolitesch Kommissioun vun der Chamber esou ausféierlech wéi méiglech iwwer déi Paräisser Evenementer informéiert.

Deel dëse Post: