Aktuell gëtt et keen ofgeschlossenen Inventaire vu schützenswäerte Gebaier. Dozou huet d’Alexandra Schoos e puer Froen un de Kulturminister.
Fro:
Am Kader vun der Ëmsetzung vum Gesetz vum 25. Februar 2022 iwwer eise Patrimoine léisst d‘Regierung duerch den Institut national pour le patrimoine architectural (INPA), Gemeng fir Gemeng, Inventairë vu potenziell schützenswäerte Gebaier erstellen. Eng Rei vun Inventairë sinn aktuell schonns ofgeschloss. D‘Gesetz gesäit vir, dass fir all Gemeng erfaasst gëtt, wéi eng Gebaier no wëssenschaftleche Krittären als Deel vun eisem Patrimoine ze gëllen hunn. Laangfristegt Zil ass en zentralen, nationalen Inventaire, deen net nëmme schonns klassifizéiert Gebaier, mee och potentiell schützenswäert Gebaier dokumentéiert. En ofgeschlossenen Inventaire fir dat ganzt Land existéiert nach net offiziell a konsolidéierter Form. Well meng Motioun “Données statistiques relatives aux immeubles démolis” vum 2. Abrëll 2025 ënner anerem mam Argument ofgeleent gouf, d’Regierung géif souwisou un engem nationalen Inventaire vu schützendswäerte Gebaier schaffen, hunn ech follgend Froen un den Här Kulturminister:
- Kann den Här Minster preziséieren, wou deen nationalen Inventaire vu schützenswäerte Gebaier aktuell drun ass?
- No wéi engen objektive Krittären entscheet d‘Regierung, ob een an engem INPA-Inventaire erfaasst Gebai spéider tatsächlech engem Schutz- oder Klassifizéierungsverfaren ënnerzu gëtt, a ween trëfft dës Entscheedung a leschter Instanz?
- Wéi eng konkret rechtlech oder faktesch Auswierkungen hu lafend oder ofgeschlossen Inventairë schonns elo op Proprietairen, besonnesch am Hibléck op Baugeneemegungen, Ofrëssgeneemegungen oder kommunal Planungsprozesser?
- Bis wéini plangt d‘Regierung, d‘Inventariséierung vum architektonesche Patrimoine landeswäit ofzeschléissen an d’Resultater an enger transparenter, zentraliséierter Form zu verëffentlechen?
Äntwert:
1.
Den Inventar vun aacht Gemengen ass ofgeschloss a verëffentlecht. Esou kann alles wat an de Gemenge Fiels, Fëschbech, Miersch, Lëntgen, Luerenzweiler, Kielen, Helperknapp a Colmar-Bierg inventariséiert a geschützt gouf um Internetsite vum Institut national pour le patrimoine architectural – INPA ofgeruff ginn.
2.
D’Krittären an d’Prozedur fir e Klassement stinn an den Artikelen 23-33 vum iwwerschaffte Gesetz vum 22. Februar 2022 iwwert dat kulturellt Iewen. De Kulturminister proposéiert der Regierung all déi inventariseiert Objete vun enger Gemeng ze klasséieren. Dat geschitt an enger éischter Phas provisoresch.
3.
No enger ëffentlecher Enquête, wou all di concernéiert Proprietäre kënne matmaachen, kënnt et dann zu engem definitive Schutz, deen och nees muss vum Regierungsrot guttgeheescht ginn. Dat geschitt dann op Basis vun de Contributioune vum Public an dem Avis vum Gemengerot. Just en ofgeschlossen Inventaire huet rechtlech Auswierkungen. Mat senger Publikatioun an der ëffentlecher Enquête hunn déi concernéiert Proprietären d’Obligatioun, all Aarbechten un engem geschützten Haus (ausser Entretien) vum Kulturminister autoriséieren ze loossen. Dobäi kommen eng fachlech Berodung vum INPA a finanziell Hëllefen.
4.
Am Moment lafen d’Inventairen an de Gemenge Réimech, Fréiseng, Useldeng, Bissen a Veianen. No éischte Reperagen, de Kontakt mat de Proprietären a Prozedure fir d’Haiser vu bannen ze gesinn, enger wëssenschaftlecher Recherche an Dokumentatioun iwwert all schützenswäert Gebai, gëtt den Inventaire vun enger Gemeng geschriwwen, mat Fotoen illustréiert a publizéiert. Dës akribesch a präzis wëssenschaftlech Aarbecht wäert nach eng Rei Joren daueren, och wann d’Equipe vum Inventaire am INPA reegelméisseg kann opgestockt ginn. Wichteg ass et, datt d’Inventariseierung an de Schutz mat klore Krittären, Argumenter a Prozedure ka realiséiert ginn, dat am Austausch mat de Bierger an de Gemengen.