Mindestloun an Index bäihalen

Dësen Artikel ass an der véierter Editioun vum Pefferkär – Chamberwalen 2013 publizéiert ginn.

D‘DP wëll en  zousätzlechen, méi niddrege Mindestloun aféieren! Et leeft drop eraus, datt Jugendlecher, déi ouni Qualifikatioun op den Aarbechtsmaart kommen, generell eng Pai solle kréien, déi ënnert dem aktuelle Mindestloun läit!

Déi Blo hunn nach aner Zaubermëttelen an der Täsch fir d‘Paien niddreg ze halen, z.B.  eng Indextranche falen ze loossen. Do kann ee verstoen, datt hire Spëtzekandidat aus dem Norden nëmmen ënnert enger Bedingung nees zréck an d‘Land kënnt: wann en eng Ministeschpai kritt!

Och fir d‘ADR steet fest: d‘Lëtzebuerger Entreprisë musse kompetitiv bleiwen. Fir dëst ze erreechen, muss villes verbessert ginn, ugefaange mat der Simplification administrative. Definitiv keng Léisung fir eis Gesamteconomie ass d‘Kierzung vun de Léin.

D‘ADR wäert sech weiderhin asetzen:

  • fir gerecht Paien,
  • fir e Mindestloun, dee progressiv an no uewen ugepasst gëtt,
  • fir den integralen Erhalt vum Index.
Deel dëse Post: