Mëssstänn am Centre de Formation pour Conducteurs?

D’ADR fuerdert de Mobilitéitsminister op, fir an dësem wichtege Kontext vun der Stroossesécherheet, Faarf ze bekennen!

Parlamentaresch Fro:

Am „Centre de Formation pour Conducteurs” soll et, laut engem Artikel am Tageblatt vum 7. November, eng Rei Mëssstänn ginn. Esou schwätze gläich e puer Mataarbechter vun net manner wéi aacht Demissioune bannent véierzéng Méint. Un d’Direktioun geet de Reproche fir den CFC nach just reng gewënnorientéiert ze féieren, woubäi een déi eigentlech Missioun vum CFC net méi virun An hätt. Déi besteet am Prinzip doranner fir verantwortungs- an ëmweltbewosst Chaufferen auszebilden. Laut dem besoten Artikel ass d’Kommunikatioun tëscht Direktioun a Personal quasi inexistent.

An deem Zesummenhank hunn ech folgend Froen un den Här Minister:

  1. Kann den Här Minister déi aktuell Mësstänn am CFC confirméieren?
  2. Huet den CFC, am Kontext vun der Stroossesécherheet, net déi prioritär Aufgab fir Chaufferen esou auszebilden datt dat prioritärt sougenannt Zil „Vision Zero – keng Verkéiersaccidenter mat Doudegen oder Schwéierblesséierten erreecht ka ginn?

Mat déiwem Respekt,

Jeff Engelen

Deputéierten

Deel dëse Post: