Mercosur: Lëtzebuerger Baueren a Konsumenten schützen

D’ADR hëlt an engem Pressekommunikee Stellung zum agrarpolitesche Volet vun de Mercosur-Verhandlungen. Eis Partei wëllt net, datt d’Lëtzebuerger Baueren eng Konkurrenz aus Südamerika kréien, déi net deene strengen EU-Oplagen, wat sozial an ekologesch Froen ugeet, déi vill Saache sprëtzt a Medikamenter asetzt, déi an Europa verbuede sinn, an déi och manner streng Oplagen huet, wat d’Déierenhaltung ugeet.

De Kommunikee un d’Press iwwert den Agrardeel vum Mercosur-Traité ënnersträicht och eis Partei-Positioun, datt all EU-Handelstraité muss vun de nationale Parlamenter  vun den EU-Staate ratifizéiert ginn an net ka just dem Europaparlament virgeluecht ginn.

Deel dëse Post: