Mir wëllen dem viregten Ombudsmann, der Madamm Claudia Monti, fir hir engagéiert Aarbecht häerzlech Merci soen an dem neien Ombudsmann, der Madamm Claudine Konsbrück, alles Guddes a vill Erfolleg fir hiren neien Optrag wënschen.
Mir ënnersträichen, datt de mënschlechen Aspekt an der Relatioun tëscht Bierger a Verwaltung gestäerkt soll ginn.
D’ADR setzt sech och fir eng Vereinfachung vun den administrative Prozeduren an.
Déi laang Delaien — net nëmmen hei, mee och an anere Verwaltungen — musse kloer verbessert ginn.