[BEÄNTWERT] Menaces à l’encontre du Premier Ministre

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës Drénglechkeetsfro un den Här Inneminister  weiderzeleeden.

Wéi aus Presseinformatiounen z’erfueren ass, war haut e grousse Polizeiasaz bei der privater Wunneng vum Här Staatsminister. Géigeniwwer der Press hätt d’Madame Juncker declaréiert, et géif sech ëm eng seriös Menace géint hire Mann handelen, déi am Zesummenhang mat der SREL-, respektiv Bommeleeër-Affär kéint sinn.

Dowéinst wéilt ech dem Här Inneminister dës Froe stellen:

1)      Kann den Här Inneminister den Asaz konfirméieren ?

2)      Wa jo, ass den Asaz op eng eechtlech Menace op d’Persoun vum Här Staatsminister zeréckzeféieren?

3)      Wa jo, ass déi Menace am Zesummenhang mat der Affär SREL oder Bommeleeër ze gesinn?

Mat déiwem Respekt,

Gast Gibéryen

Deputéierten

 

Réponse écrite de Monsieur Jean-Marie Halsdorf, Ministre de l’Intérieur et à la Grande Région

Deel dëse Post: