Méiglech Impfobligatioun duerch de Privatpatron?

D’Covid19-Impfcampagne zu Lëtzebuerg leeft elo zënter Januar. Bis haut heescht et offiziell nach, datt d’Impfung net erzwonge gëtt, dëst och onofhängeg vum Aarbechtsberäich, an deem ee schafft. Dëst ass e wichtege Punkt, well net jiddereen am Land bereet ass, sech impfen ze loossen.

An deem Kontext hunn d’ADR Deputéierte Roy Reding a Jeff Engelen der Regierung eng parlamentaresch Fro gestallt, fir déi rechtlech Situatioun kloerzestellen, am Fall wou eng ONG oder e Privatpatron seng Ugestallte géing obligéieren, sech impfen ze loossen.

D’Äntwert bezitt sech op den “Ament” a gëtt esou ganz subtil en Ausbléck op méiglech Changementer zu engem méi spéiden Zäitpunkt.

 

Deel dëse Post: