Méiglech Akte vu Kollaboratioun: Opklären an Entschëllegen!

D’ADR huet mat Bestierzung zur Kenntnis geholl, datt et während der Nazi-Okkupatioun duerch déi deemoleg Lëtzebuerger Verwaltung – oder wat vun hir bliwwen ass – schéngt Akte vun Kollaboratioun mat den Nationalsozialiste ginn ze hunn. Besonnesch schockant ass, datt eng Lëscht vu jiddesche Schoulkanner vun de Lëtzebuerger Autoritéiten opgestallt ginn ass an un d’Nazie virugereecht gouf. D’ADR fuerdert d’Regierung op  méiglech Akte vun Kollaboratioun vun Historiker opklären ze loossen, sech wann néideg ze entschëllegen an och dofir ze suergen, datt d’Nimm vun den Affer net vergiess ginn.

D’ADR ass iwwerzeegt, datt et eng wichteg historesch Aufgab ass, och déi fir eis Lëtzebuerger schwiereg Kapitele vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich opzeklären. Wann néideg, muss och d’Regierung sech géintiwwer all deenen entschëllegen, déi duerch eng Lëtzebuerger politesch oder administrativ Mataarbecht verfollegt gi sinn. D’ADR ënnerstëtzt och d’Iddi vun enger Debatt an der Chamber iwwer dës Problematik,  soubal all d’Fakten um Dësch leien.

Net nëmmen de Staat mä och eng Rei vu Gemengen hu beim Opstelle vun der Lëscht vu Schoulkanner matgeschafft. Dowéinst huet d’ADR-Sektioun Stad de Sujet an der Schoulkommissioun vun der Haaptstad op den Ordre du Jour gesat. Et ass ze hoffen, datt och d’Stad Lëtzebuerg sech mat enger eventueller Responsabilitéit vun hire fréiere Mataarbechter beschäftegt an, wann néideg, déi richteg Konsequenzen zitt.

D’ADR  bedauert, datt et hei am Land nach keen nationaalt Monument fir d’Affer vun der Shoah gëtt. Déi aktuell Debatt ëm eng eventuell Matverantwortung vu Lëtzebuerger Autoritéite bei der Verfolgung vu Lëtzebuerger an auslännesche Judden hei am Land soll eis och iwwer d’Wichtegkeet vun enger Erënnerungskultur speziell an deem do Beräich nodenke loossen.

Trotz dem fuerchtbare Schicksal vun der jiddescher Communautéit zu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich an enger eventueller Participatioun vu Lëtzebuerger Autoritéiten un där Tragedie, wiert d’ADR sech awer dogéint, datt déi vill Akte vun Heroïsmus a Widderstand vu Lëtzebuerger géint dat Drëtt Räich vu Verschiddene lo klenggeriet oder souguer als “Mäerchen” duergestallt ginn. D’ADR huet dowéinst och ëmmer nees drun erënnert, datt et vill Helde vun der Resistenz gouf, déi et och verdénge besonnesch geéiert ze ginn. Leider huet d’Regierung dat bis elo net wëllen esou gesinn.

D’ADR wënscht sech en éierlechen, wëssenschaftlech-objektiven an ëmfaassenden Ëmgang mat der Vergaangenheet. Déi Diskussiounen, déi musse geféiert ginn, charakteriséieren sech duerch eng grouss Zuel vun historeschen a psychologesche Komplexitéiten. Mir brauche keng séier Vereinfachungen oder Pauschaliséierungen, mä eng differenzéiert Analys, den néidege Courage an de richtegen Toun.

Deel dëse Post: