Méi Ënnerstëtzung fir eis Baueren!

Eis Baueren si schwéier getraff vum Corona-Virus. An alt erëm, gi si vun der Politik net esou ënnerstëtzt, wéi si dat verdéngt hätten. Wat d’Mëllech- an d’Fleeschpräisser ugeet, stinn si staark ënner Drock. Kaum ee vun de Baueren huet déi Ënnerstëtzung vu 5000 Euro kritt an d’Aiden, déi si am Kader vun der Corona-Kris kréien, sinn Hëllefsleeschtungen, déi d’Baueren a Wënzer souwisou zegutt hunn.

Eis Baueren a Wënzer brauchen zousätzlech Hëllefen, fir kënne weider ze funktionéieren. An deem Kader huet den Nord-Deputéierten eng Motioun an der Chamber deponéiert, déi dozou oprifft, eise Baueren elo dréngend ze hëllefen. Well si den Haapt-Ernärer vun der Natioun sinn, ass eist Land hinnen dat schëlleg.

Deel dëse Post: