De lëtzebuergesche Petitiounssystem gëtt vun anere Länner begréisst, well en d’Bierger méi no un d’Politik bréngt a se méi direkt drun deelhuele léisst. Mä och eise System kann ëmmer nees verbessert ginn: D’Prozedure solle fir de Bierger méi kloer ginn, esou datt e genau weess, wat seng Rechter awer och seng Flichte sinn. Als ADR begréisse mir déi verschidden Upassungen – ausser d’Hiewe vum Grenzwäert vun Ënnerschrëfte vun aktuell 4.500 op 5.500.