Hei fannt Dir eng Parlamentaresch Fro vum honorabelen Deputéierte Dan Hardy.
Här President,
esou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’delegéiert Madamm Minister fir Medien a Connectivitéit weiderzeleeden.
Fir de Joreswiessel 2025/26 hunn zu Lëtzebuerg e puer Experten hir Suergen iwwert den Zoustand vun der demokratescher Debatt ausgedréckt. Si stellen zum Beispill fest, datt Discoursen, déi polariséieren, zouhuelen an datt d’Desinformatioun en Impakt op déi sozial Kohäsioun huet. An engem Tageblatt-Artikel vum 09.01.2026 (“Bye-Bye 2025”) liest een: “Die heutige Laissez-faire-Politik in Bezug auf Toleranz, insbesondere in west- und nordeuropäischen Ländern, könnte die Zukunft unserer liberalen Demokratien und damit die Zukunft unserer hart erkämpften Rechte und Freiheiten gefährden!”
D’Experten ënnersträichen och d’Erausfuerderungen am Zesummenhang mat der Meenungsfräiheet an der Onofhängegkeet vun de Medie géintiwwer bestëmmten Aflëss oder antidemokratesche Beweegungen.
An dësem Kontext hätt ech follgend Froen un d’Regierung:
- Huet d’Regierung Unhaltspunkten, datt et an der Lëtzebuerger Gesellschaft eng Entwécklung vu Selbstzensur gëtt, besonnesch an akademeschen, Medien- oder kulturelle Kreesser?
- Wéi eng Moossname ginn aktuell getraff, fir sécherzestellen, datt Bierger, Fuerscher, Léierpersonal a Journalisten sech fräi, an ouni externen Drock, ausdrécke kënnen?
- Wéi schätzt d’Regierung d’Bedeitung vun enger staarker, onofhängeger ëffentlecher Medielandschaft fir déi demokratesch Stabilitéit vu Lëtzebuerg an?
- Wéi eng Schutzmechanisme ginn et aktuell, fir déi redaktionell Onofhängegkeet vun de Medien ze garantéieren?
- Wéi garantéiert d’Regierung, datt d’Fuerschung vu Wëssenschaftler an Historiker zu Lëtzebuerg fräi vu politeschem oder ideologeschem Afloss bleift?
- Ginn et Indicateuren dofir, datt Enseignanten oder Fuerscher sech ageschränkt oder ënner Drock gesat fillen, fir iwwer verschidden Themen net oppen ze diskutéieren?
Mat déiwem Respekt,