Mécht d’Regierung Reklamm fir d’Euthanasie?

Mam Gesetz vum 16.3.2009 iwwer d’Euthanasie an d’Bäihëllef zum Suizid ass Lëtzebuerg, no Holland an der Belsch, zum drëtten EU-Memberstaat ginn, deen d’Euthanasie legaliséiert huet. Dëst Gesetz schreift ënner anerem explizitt vir, datt d’Entscheedung fir d’Euthanasie oder den assistéierte Suizid ouni Drock vu bausse getraff muss ginn. Datt een hei zu Lëtzebuerg also säit 2009 ënner gewësse Bedingungen d’Recht huet, sech euthanaséieren ze loossen, dorop fokusséiert sech d’Informatiounsaarbecht vum “Service d’écoute et d’accompagnement” (SEA) vun der Vereenegung “Mäi Wëllen, Mäi Wee”, ee Service, dee mam Familljeministère konventionéiert ass.

Geet et net duer, datt de Staat ënner gewësse Bedingungen d’Euthanasie erlaabt? Muss e se och nach ënnerstëtzen? Misst de Staat net un éischter Plaz fir d’Palliativmedezin antrieden an déi promouvéieren an ënnerstëtzen?

Deel dëse Post: