Massiv Verschlechterungen: d’ADR Stad fuerdert de Gratistransport fir de Bus

D’Busgare vum Centre Hamilius verschwënnt deemnächst, am Kader vun deem groussem Chantier am Stadzentrum. Dëst féiert zu massiven Verschlechterungen am ëffentlechem Transport, besonnesch an der Stad awer och op alle Buslinnen déi an d’Stad eran an eraus féieren. Konkret: ronn d’Halschent vun de Busser, déi aktuell op der Achse Nei Avenue – Zentrum fueren, falen ewech! Dobäi gi vill Linnen nei organiséiert an numeréiert. D’Stater Awunner mussen och op Buslinnen auswäichen déi aus de Regioun duerch d’Stad fueren. De Chaos ass virprogramméiert!

Fir déi grouss Nodeeler vun der „Reorganisatioun“ auszegläichen, fuerdert d’ADR Sektioun Stad de Gratistransport fir jiddereen, dëst zumindest um Territoire vun der Stad Lëtzebuerg an op allen AVL-Linnen! Dëst géif och déi grouss Problemer, déi aktuell mat der „M-Kaart“ bestinn, léisen.

Fir de Chaos esou kleng wéi méiglech ze halen, fuerdert d’ADR weider datt, fir déi dräi éischt Méint vun der néier Organisatioun, Personal agestallt gëtt déi d’Benotzer déi néideg Informatioune kënne ginn. Dëst Personal muss esouwuel op de groussen Arrêten (Gare, Paräiser Plaz, Boulevard Royal, …) agesat ginn, awer och fir d’Spëtzestonnen an de Busser sëlwer.

Dëst Personal soll esou schnell wéi méiglech ënnert de Chômeure rekrutéiert ginn, an eng gutt an zolitt Formatioun kréien, dëst ier déi grouss Ëmstellung am Busverkéier agefouert gëtt. Eng Informatiounsversammlung fir d’Bierger am Groussen Theater (woubäi d’Aluedung net eemol och op Lëtzebuergesch formuléiert ass) gëtt bei wäitem net duer.

Pressematdeelung vun der Sektioun Stad vum 12. Mäerz 2015

Deel dëse Post: