Masken: Kann den Otemschutz och schueden?

D’Maskeflicht ass eng staark ëmstridde Moossnam, déi vu Land zu Land ënnerschiddlech beurteelt a gehandhaabt gëtt – esouguer bannent dem Land, jee no Staat oder Institutioun. Zu Lëtzebuerg kann een z.B. am ëffentlechen Transport de Buff undoen, am Spidol muss et dann awer d’Mask sinn, an d’Schoule kënne selwer entscheeden ob iwwerhaapt en Otemschutz an de Klasse muss benotzt ginn oder net … Op alle Fall bestëmmt den „social distancing“ an „net ouni meng Mask“ schonn zënter Méint den Alldag vu ganz ville Mënschen zu Lëtzebuerg?

D’Stëmmen ëm d’Niewewierkungen a méiglech laangfristeg Schied ginn ëmmer méi haart, an et leeft schliisslech op déi eng Fro eraus: Sinn esou déifgräifend Moossnamen ewéi d’Maskeflicht disproportionéiert zum reellen Ustiechungsrisiko? Et si wichteg Aspekter déi musse gekläert ginn an déi den Deputéierte Jeff Engelen a senger parlamentarescher Fro opgräift.

 

Deel dëse Post: