Manner Normen heescht manner verbëtzen

Iesswueren, vun deenen de Mënsch lieft, si wäertvoll an et ass eng ethesch Verflichtung, respektvoll mat Liewensmëttel ëmzegoen. Et deet wéi ze gesinn, wéi Dag fir Dag  eng Onmass u wäertvolle Liewensmëttel fortgehäit gëtt, déi eigentlech nach gutt verwäertbar gewiescht wieren. De Roy Reding ass sech a senger Interventioun vum 21. Mäerz sécher, datt manner onsënneg Normen, notamment EU-Normen, och fir manner verbëtze vu Liewensmëttel suergt. Den ADR-Deputéierte plädéiert fir manner Reegelen a méi gesonde Mënscheverstand (Extrait 0’48”). Jiddereen huet an deem Sënn eng Verantwortung ze droen, a villäicht sollt een an Zukunft zwee mol driwwer nodenken, ob ee wierklech an Zellulan verpaakte virgeschielten Orange kafe wëll.

Deel dëse Post: