Maach et wéi d’Hollänner!

An Holland gëtt all Nationaldenkmal (“Rijksmonument”) mat engem wäiss-bloen Emaille-Schëldche gekennzeechent. Säit 2010 ginn och Objeten, déi net vun iwwerragender nationaler Bedeitung sinn an déi kee wäiss-blot Schëld droen däerfen, mat enger Denkmalplaquette ausgestatt, wat den touristeschen Attrait vun dësen Objeten ouni Zweiwel erhéicht.

Zu Lëtzebuerg ass et awer net ëmmer liicht ze erkennen, ob ee Gebai ënner Denkmalschutz steet. Oft schaaft réischt e Bléck an d’“Liste des immeubles et objets classés comme patrimoine culturel national ou inscrits à l’inventaire supplémentaire” vum “Institut national pour le patrimoine architectural” (fréier “Service des Sites et Monuments”) Gewëssheet doriwwer.

Wier et net méiglech, sämtlech Nationaldenkmäler hei am Land fir d’Ëffentlechkeet mat engem Schëld oder enger Plaquette ze kennzeechnen?

Deel dëse Post: