LuxLeaks: De Chaosclub Regierung schued dem Land !

Déi chaotesch an amateurhaft Kommunikatioun vun der Dräierkoalitioun mécht de Schued, deen duerch déi sougenannte LuxLeaks-Affaire entstanen ass, nach méi grouss. D’ADR wonnert sech, datt d’Regierung zanter Wochen Bescheed wousst, datt Revelatiounen ëm de Steiersystem an der Maach waren. Se ass awer total onvirbereet virun d’Press getratt an hat keng Strategie parat, fir den Imageschued esou kléng wéi méiglech ze halen. D’ADR fuerdert, datt d’Interessien vum Land konsequent verdeedegt ginn, dëst andeems d’Regierung mat enger eenzeger Stëmm an op eng professionell Aart a Weis schwätzen.

Wann d’Land an och international Experte erklären, d’Steierrulingen zu Lëtzebuerg sinn net illegal, dann ass et absolut inakzeptabel, datt den Ausseminister Jean Asselborn am Spiegel deklaréiert, Lëtzebuerg géif mat „Tricksereien“ operéieren an esou sengem eegene Land an de Réck fällt! Wann, laut Presseinformatiounen, de Finanzminister zanter dräi Woche Bescheed wousst, datt grave Presseuschëllegungen géint Lëtzebuerg um Wee waren, dann ass et grad esou inakzeptabel, datt d’Regierung dësen Dossier mat enger totaler Naivitéit ugeet. Ze bedaueren ass och, datt d’Kommunikatioun innerhalb vun der Regierung net fonctionnéiert. Eemol méi steet d’Dräierkoalitioun als Chaosclub do, deen dem Land doduerch grousse Schued mëcht.

D’ADR verlaangt voll Transparenz an deem Dossier: Zanter wéini wousst d’Regierung vun der LuxLeaks-Affair? Wie wousst dovunner? Wéi ass d’Kommunikatioun innerhalb der Regierung gelaf? Wéisou ass gemaach ginn, wéi wann d’Land aus alle Wolleke géif falen? D’ADR verlaangt weider, datt d’Regierung mat enger Stëmm de Message weider gëtt, datt alles legal ass, datt Lëtzebuerg net eleng mat esou Praktike steet, an datt eng Léisung nëmmen um internationale Plan kann errecht ginn.

D’ADR, wéi all Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, ass solidaresch mat der Regierung, wann d’Land an d’Kritik geréit. D’ADR, op Basis vun den aktuellen Informatiounen, vertrëtt d’Meenung, datt d’Steierrulingen net illegal sinn, an datt vill Länner innerhalb an ausserhalb vun der Europäescher Unioun se praktizéieren. D’ADR wëllt, datt d’Steierlaascht gerecht verdeelt gëtt, an datt esou genannte Schlupflächer zougemaach ginn. Dëst muss awer am Kader vu Verhandlunge geschéien, um Weltniveau, woubäi Lëtzebuerg keng Benodeelegungen vis-à-vis vun anere Länner däerf ënnerworf ginn.

Pressematdeelung vum 11. November 2014

Deel dëse Post: